Lex Delles
@LexDelles
Compte officiel de Lex Delles, ministre de l’Économie, des PME, de l’Énergie et du Tourisme du Grand-Duché de Luxembourg
ID:2884105503
https://gouvernement.lu/fr/gouvernement/delles-lex.html 19-11-2014 15:17:28
575 Tweets
3,2K Followers
169 Following
Déi verschiddenst Betriber hunn am Kader vun der nationaler Campagne „Zesumme spueren – Zesummenhalen“ vill Efforte gemaach fir Energie a Ressourcen ze spueren. Dozou gehéiert och d’Brasserie Simon. Wat genau dës Mesure sinn, gitt Dir hei am Video gewuer. #Klimaagence
.Lex Delles hat eng Entrevue mat de Vertrieder vu startups.lu, d’Startup- Fédératioun. Zesummen hunn si sech doriwwer ausgetosch, wéi si den Ekosystem weider fërderen kënnen.🔗 startups.lu
Merci #VisitMoselle fir déi flott Presentatioun vum Rapport d’activité 2023 op der Generalversammlung. Déi nei ugekënnegt Projeten op der #Musel si Grond fir Virfreed, wéi z.B e neie Confort-Wanderwee zu #Gréiwemaacher , d'Renovatioun vum #Wäinhaus & de Wine Culture Enjoy.
Am Kader vun der nationaler Campagne „Zesumme spueren – Zesummenhalen“ hunn och d’Gemenge vill Efforte gemaach fir Energie a Ressourcen ze spueren. D’Gemeng bettembourg konnt eng Rei grouss a kleng Mesuren ëmsetzen. Wat genau si alles konnte maachen, gitt Dir am Video gewuer.
Op der « Journée de l’Economie » stoung d’Kompetitivitéit vu #Lëtzebuerg am Fokus. D'Stäerke vun der Produktivitéit an der Kompetitivitéit si wichteg fir eng staark Wirtschaft a gutt Aarbechtsplazen.
Chambre de Commerce du Luxembourg FEDIL PwC_Luxembourg Paperjam Fondation IDEA
🇨🇭 🤝 🇱🇺 .Lex Delles huet den Ambassadeur vun der Schwäiz zu Lëtzebuerg, Markus Börlin, empfaangen. Si hunn sech iwwer d‘bilateral wirtschaftlech Relatiounen, besonnesch am Beräich vun den erneierbaren Energien an dem Secteur MedTech-HealthTech, ausgetosch
.Lex Delles a rencontré les membres de la Camera di Commercio Italo-Lussemburghese lors d’un événement de networking lors duquel il a souligné les liens étroits qui unissent le 🇱🇺 à l’🇮🇹 & remercié la CCIL pour son rôle actif dans ce contexte 🔗 ccilux.eu
D’Stolindustrie gehéiert zu eiser 🇱🇺 Identitéit a präägt eis Wirtschaft. Et ass mir wichteg, mat de Representantë vum Stolsecteur am kontinuéierlechen Austausch ze stoen. De Moien huet mir den OGBL Luxembourg hir Revendicatioune fir déi 🇪🇺 Stolindustrie iwwerreecht.
Haut war ech bei der Generalversammlung vun der #FédérationdesArtisans . Am Kader vun dësem flotten Echange hunn ech ënnerstrach, datt d‘Handwierk e Secteur ass, deen eng Schlësselroll fir eis Wirtschaft an eis Gesellschaft spillt.
An Zesummenaarbecht mam Fonds national de la recherche a mat Luxinnovation, hunn ech mam Yuriko Backes a mam #StéphanieObertin en Appel à projets fir Fuerschungs- an Entwécklungsprojeten am Beräich vun der #Defense lancéiert. All Informatiounen ënnert 👉 gd.lu/1flPc4
Interessante Besuch bei #CTISystems , e System-Spezialist fir d'Lagerung vu schwéiere Laaschten an automatiséiert Léisunge fir de schwéiere Laaschte-Transport. Besonnesch hir Ënnerhaltsystemer fir Fligere ✈️waren impressionant ze gesinn.
Zum Ofschloss vun eiser Aarbechtsvisitt a Kalifornien hunn den Xavier Bettel an ech Lyten besicht. Dës Entreprise huet eng Lithium-Batterie fir Autoen entwéckelt. Esou Technologien si wichteg fir d‘Decarboniséierung vum Mobilitéitssecteur virunzedreiwen.