radio 100,7 (@100komma7) 's Twitter Profile
radio 100,7

@100komma7

Luxembourg's public service radio

ID: 886949988

linkhttps://www.100komma7.lu calendar_today17-10-2012 14:43:03

20,20K Tweet

10,10K Takipçi

302 Takip Edilen

radio 100,7 (@100komma7) 's Twitter Profile Photo

De Sacha Borsellini, ee vun den Haaptgéigner vun de Covid-Mesurë vun der Regierung, bleift aus dem Staatsdéngscht ausgeschloss. De Mann mam Spëtznumm “Sa Bo” huet nämlech an éischter Instanz um Verwaltungsgeriicht Onrecht kritt. 100komma7.lu/news/Impfgeign…

radio 100,7 (@100komma7) 's Twitter Profile Photo

D‘Associatioun Médecins du monde war dëse Summer a Gefor. Dat huet hire President Bernard Thill ufanks September un déi 160 Fräiwëlleg vun der Associatioun geschriwwen, esou d'Lëtzebuerger Land. 100komma7.lu/news/Medecins-…

radio 100,7 (@100komma7) 's Twitter Profile Photo

Bei den Agencë vun der ADEM kënnt et zu enger Reorganisatioun: Deemno gëtt d’Agence zu Diddeleng den 30. November dëst Joer zougemaach. D'Agence zu Dikrech wäert plënneren. 100komma7.lu/news/Reorganis…

radio 100,7 (@100komma7) 's Twitter Profile Photo

Den OGBL schwätzt am Zesummenhank mam Dossier Caritas vun extremer Intransparenz. Den zoustännegen Zentralsekretär Smail Suljic kritiséiert, datt net géif mam Personal geschwat ginn. 100komma7.lu/news/Mam-Waard…

radio 100,7 (@100komma7) 's Twitter Profile Photo

Den Aussen- a Kooperatiounsminister Xavier Bettel informéiert d'Deputéiert de Mëtteg iwwert d'international Projete vun der Caritas, déi bis elo vum Staat co-finanzéiert goufen. 100komma7.lu/news/Xavier-Be…

radio 100,7 (@100komma7) 's Twitter Profile Photo

Am Altersheem Haaptmann's Schlass ginn et 22 Better, déi fir Persounen, déi fréier op der Strooss gelieft hunn, zu Verfügung stinn. "un lieu de vie pour personnes en précarité vieillissantes" sou nennt sech de Pilotprojet vum Grupp Elizabeth. Déi concernéiert Leit sinn net déi

radio 100,7 (@100komma7) 's Twitter Profile Photo

Eng Woch nom Ufank vun de Grenzkontrollen an Däitschland huet den Inneminister Léon Gloden eng Entrevue mat senge Kolleegen aus Rheinland-Pfalz an dem Saarland souwéi der däitscher Inneministesch Nancy Faeser. 100komma7.lu/news/Inneminis…

radio 100,7 (@100komma7) 's Twitter Profile Photo

Dir hutt Loscht op fuschnei Musek? D‘Museksredkatioun vum radio 100,7 guidéiert iech duerch den Dschungel vun neien Tendenzen. Dës Woch hu mer direkt zwou Lëtzebuerger Singelen an d‘Playlist gepak. Lauschtert eran!🎧 100komma7.lu/news/Op-d-Ouer…

radio 100,7 (@100komma7) 's Twitter Profile Photo

Den OGBL schwätzt am Zesummenhank mam Dossier Caritas vun extremer Intransparenz. Den zoustännegen Zentralsekretär Smail Suljic kritiséiert, datt net géif mam Personal geschwat ginn. De Gros wéisst net, wéi hir Zukunft ausgesäit. 100komma7.lu/news/Mam-Waard…

radio 100,7 (@100komma7) 's Twitter Profile Photo

D’Fondatioun Caritas Lëtzebuerg huet net méi genuch Sue fir ee Sozialplang an hir Scholde bei Fournisseuren ze bezuelen. D’nächst Woch soll sech dowéinst entscheeden, ob d’Fondatioun a Liquidatioun gesat gëtt. 100komma7.lu/news/Fondatiou…

radio 100,7 (@100komma7) 's Twitter Profile Photo

Israel huet de Chef vun der libanesescher Hisbollamiliz ëmbruecht. Den Ibrahim Akil koum bei enger Loftattack zu Beirut ëm d‘Liewen. D‘Hisbollah huet den Doud vun hirem Leader confirméiert. Hie wier als Märtyrer gestuerwen, esou de Message. 100komma7.lu/news/Hisbollah…

radio 100,7 (@100komma7) 's Twitter Profile Photo

Duerch déi vill Bëschbränn an d'Dréchent am Amazonasgebitt kéint et zu enger irreversibeler Situatioun kommen, fäerten Experten. Tëschent Januar an August 2024 sinn an der Regioun méi wéi 1,77 Milliounen Hektar Bësch ofgebrannt. 100komma7.lu/news/Amazonas-…

radio 100,7 (@100komma7) 's Twitter Profile Photo

Engem Stierweskranken een Häerzenswonsch erfëllen ass vläicht dacks net méiglech an net esou einfach. Viru Jore koum d‘Iddi op, dat ze probéieren. An esou gouf d‘ASBL Wonschkutsch gegrënnt, fir d‘Verwierklechung vun engem Häerzenswonsch vun engem kranke Mënsch méiglech ze

radio 100,7 (@100komma7) 's Twitter Profile Photo

Déi éischt Deeg vun den däitsche Grenzkontrolle mat der Belsch, Frankräich a Lëtzebuerg wiere roueg verlaf. Dat mellt d‘Bundespolizei a Rheinland-Pfalz an am Saarland. 100komma7.lu/news/Daitsch-P…

radio 100,7 (@100komma7) 's Twitter Profile Photo

Den Norbert Haupert ass een Numm, deen een hei zu Lëtzebuerg duerch de Sport an duerch Politik kennt. Hie war selwer aktive Liichtathlet an ass virun allem op de Mëttelstrecke gelaf. No senger aktiver Karriär ass hien dem Sport erhale bliwwen. 100komma7.lu/news/Norbert-H…

radio 100,7 (@100komma7) 's Twitter Profile Photo

Am Grousse Kino beschwätzen de Michel Delage, d'Vesna Andonovic an d'Valerija Berdi: "Operatioun Pauly" (Marc Thoma), "Strange Darling" (J.T. Mollner), "Langue étrangère" (Claire Burger) a "Les Barbares" (Julie Delpy). 100komma7.lu/shows/20401296…

radio 100,7 (@100komma7) 's Twitter Profile Photo

Gëschter Owend huet den Elysée d'Nimm vun den 30 Ministeren a Staatssekretäre vun der Regierung vum Michel Barnier publizéiert. Dräi an en hallwe Mount politesch Kris sollen domat a Frankräich eriwwer goen. 100komma7.lu/news/Nei-frans…

radio 100,7 (@100komma7) 's Twitter Profile Photo

Wéinst dem Héichwaasser hunn zwou italieenesch Regiounen elo den Noutstand ausgeruff. Am schlëmmste betraff sinn d‘Stied Bologna, Modena a Ravenna, mee och Rimini huet et getraff. 100komma7.lu/news/Noutstand…

radio 100,7 (@100komma7) 's Twitter Profile Photo

Am Kader vum Weltalzheimerdag den 21. September formuléiert déi Lëtzebuerger Alzheimerassociatioun ALA hir Fuerderunge fir d’Liewe vun Demenzkranken an hire Familljen ze verbesseren. 100komma7.lu/news/E-Forfait…

radio 100,7 (@100komma7) 's Twitter Profile Photo

Bei der Spuerkeess gëtt et erëm méi ee groussen Interesse no Immobilieprêten. Zënter Ufank vum Joer wieren ee Véierel bis een Drëttel méi Prêten accordéiert ginn, wéi am selwechten Zäitraum 2023, esou de Chef vum Privatclientsgeschäft Claude Hirtzig. 100komma7.lu/news/Spuerkees…