Rick Mertens (@rickmertens1) 's Twitter Profile
Rick Mertens

@rickmertens1

Journalist @100komma7 in Luxembourg. Before: @reporter_lu and Nico Colchester Fellow @FT in London. email: [email protected]

ID: 917821999

linkhttps://uk.linkedin.com/pub/rick-mertens/b2/52b/86a calendar_today31-10-2012 22:50:53

1,1K Tweet

1,1K Followers

1,1K Following

radio 100,7 (@100komma7) 's Twitter Profile Photo

D’ADR schlĂ©isst net aus am Europaparlament mat der AfD zesummen ze schaffen. Den ADR-Kandidat Alex Penning seet, wa seng Partei en EuropadeputĂ©ierte kritt, gĂ©if deen zur Fraktioun vun de Konservativen a Reformer (ECR) gehĂ©ieren. 100komma7.lu/news/Invite-vu


radio 100,7 (@100komma7) 's Twitter Profile Photo

De François Benoy denkt driwwer no fir am Hierscht fir de SpĂ«tzeposte vun dĂ©i grĂ©ng ze kandidĂ©ieren, esou de Stater Politiker am 100,7-Interview. 100komma7.lu/news/Invite-vu


radio 100,7 (@100komma7) 's Twitter Profile Photo

Am AbrĂ«ll feiert de Conservatoire National de VĂ©hicules Historiques sĂ€in 20. Gebuertsdag. An der frĂ©ierer „Fabrique de voitures Jean Wagner“ gi reegelmĂ©isseg Ausstellunge ronderĂ«m den Auto gewisen. Datt de Programm variĂ©iert, ass awer nach relativ nei. 100komma7.lu/news/D-Geschic


radio 100,7 (@100komma7) 's Twitter Profile Photo

D‘Emaischen an d‘PĂ©ckvillercher sinn net vuneneen ze trennen. Historesch gesinn hu se zwar Ă«nnerschiddlech UrsprĂ©ng. Am Laf vun der ZĂ€it hu se awer zu LĂ«tzebuerg hire Wee zesummefonnt. 100komma7.lu/news/D-Emaisch


radio 100,7 (@100komma7) 's Twitter Profile Photo

D’Ecole nationale pour adultes ass am Moment ze kleng. Dat sot dĂ©i nei Direktesch vun der ENAD am 100,7-Interview. D’lescht RentrĂ©e hĂ€tten eng Rei SchĂŒler misse refusĂ©iert ginn, well et net genuch Plazen an de KlassesĂ€ll gouf. 100komma7.lu/news/Invit-506


radio 100,7 (@100komma7) 's Twitter Profile Photo

De ville Ree fĂ©iert dozou, datt d’Peegel vun de FlĂ«ss a Baachen am Moment relativ hĂ©ich sinn. Grad an esou Situatioune kann et hĂ«llefen, datt Ă«mmer mĂ©i GewĂ€sser renaturĂ©iert ginn. 100komma7.lu/episoden/Wat-b


radio 100,7 (@100komma7) 's Twitter Profile Photo

An der Ouschtervakanz mĂ©cht den Hallwer NĂ©ng um Radio eng Paus. Dat ass e gudde Moment fir Episoden ze entdecken, dĂ©i Dir an de leschte Woche verpasst hutt. Hei fann Dir all d’Sendungen op ee BlĂ©ck: 100komma7.lu/emissiounen/De


radio 100,7 (@100komma7) 's Twitter Profile Photo

De Mouvement Ă©cologique fuerdert, datt dĂ©i nei Regierung ufĂ€nkt, Akzenter an der Ëmweltpolitik ze setzen. DĂ©i nei Koalitioun hĂ€tt bis elo nach keng PrioritĂ©iten an dem BerĂ€ich genannt, esou d'Blanche Weber, an hir Gedold wier esou lues um Enn. 100komma7.lu/news/Invitee-v


radio 100,7 (@100komma7) 's Twitter Profile Photo

Den neie President vun der Landwirtschaftskammer, de Christian Hahn, gĂ©if eng Fusioun vun de LĂ«tzebuerger BauereverbĂ€nn begrĂ©issen. DĂ©i drĂ€i VerbĂ€nn gĂ©inge souwisou Ă«mmer mĂ©i no beienee rĂ©ckelen, esou de Christian Hahn am 100,7-Interview. 100komma7.lu/news/Invite-vu


radio 100,7 (@100komma7) 's Twitter Profile Photo

De President vun der VĂ«losportfederatioun Camille Dahm warnt viru VĂ«losrandonnĂ©eĂ«n, dĂ©i net iwwer seng Federatioun ugemellt ginn. Dem Sportgesetz no wier d’Federatioun dofir responsabel, fir VĂ«losevenementer offiziell unzemellen, esou de Camille Dahm. 100komma7.lu/news/Invite-vu


Rick Mertens (@rickmertens1) 's Twitter Profile Photo

Hu dir an de nĂ€chsten Deeg e laange Wee an d’Vakanz virun Iech? Da lount et sech virdrun e BlĂ©ck op eis Interviewen aus dem Hallwer NĂ©ng ze werfen. Bei Apple Podcasts kennt der se eroflueden fir Ă«nnerwee ze lauschteren:

radio 100,7 (@100komma7) 's Twitter Profile Photo

Zu Ettelbréck soll keen Drogekonsumraum opmaachen. Dat seet de Buergermeeschter Bob Steichen. Déi Struktur géif net a sou eng kleng Stad passen. Och um Heescheverbuet wëll den LSAP-Buergermeeschter festhalen. 100komma7.lu/news/Invite-vu


radio 100,7 (@100komma7) 's Twitter Profile Photo

Zaldote leiden no AsÀtz a Krichsgebidder heiansdo nach jorelaang ënnert deem, wat si do erlieft hunn. Och vill Filmer beschÀftege sech mat deem Leidenswee. Et ginn awer och hei am Land Betraffener. Zwee vun hinnen hunn eis am Hallwer Néng dovu verzielt. 100komma7.lu/episoden/Och-L


radio 100,7 (@100komma7) 's Twitter Profile Photo

DĂ©i geplangten Tramslinn laanscht de Stater Park soll nach eng KĂ©ier ganz nei iwwerluecht ginn. Zil wier et, Plaz ze gewannen, ouni dĂ©i nĂ©ng schĂŒtzenswĂ€ert Beem mussen Ă«mzehaen, dĂ©i d'Lydie Polfer als Argument gĂ©int d’Tramsstreck ugefouert huet. 100komma7.lu/news/Invite-88


radio 100,7 (@100komma7) 's Twitter Profile Photo

Viru 25 Joer ass zu RĂ«meleng ee sougenannten Arboretum op engem industrielle Site entstanen. Hei kĂ«nne Visiteuren net nĂ«mme Rou an Erhuelung genĂ©issen, mee och ob eng lieweg Aart a Weis iwwer d’Natur lĂ©ieren. 100komma7.lu/news/Ee-grengt


radio 100,7 (@100komma7) 's Twitter Profile Photo

An de leschten Deeg war mĂ©iglecherweis nees e Wollef am Éislek Ă«nnerwee. D’Naturverwaltung analysĂ©iert nĂ€mlech grad op zu Bruechtebaach e Kallef vun engem Wollef gerass gouf. Mee wĂ©i gefĂ©ierlech ass de Wollef? 100komma7.lu/episoden/Musse


radio 100,7 (@100komma7) 's Twitter Profile Photo

D’LSAP-Fraktiounscheffin bedauert, datt hire Parteikolleeg Bob Steichen um Heescheverbuet zu EttelbrĂ©ck festhĂ€lt. Si fĂ«nnt et extrem schued, datt hien dat als EttelbrĂ©cker Buergermeeschter net wĂ©ilt Ă€nneren. 100komma7.lu/news/Invitee-v


radio 100,7 (@100komma7) 's Twitter Profile Photo

D‘Internat zu Iechternach an der frĂ©ierer Beneditkinerabtei feiert dĂ«st Joer sĂ€in 125. Gebuertsdag. An deenen 125 Joer huet sech vill gedoen. Een Internat vun haut ass nĂ€mlech net mĂ©i dat selwecht, wĂ©i deemools. 100komma7.lu/news/D-Liewen-


radio 100,7 (@100komma7) 's Twitter Profile Photo

D’europĂ€esch Wirtschaft leit Ă«nner hĂ©ijen ZĂ«nsen, deierer Energie an der Konkurrenz aus China an den USA. WĂ©i soll d’EU domatt Ă«mgoen? Dat ass d’Theema vun eiser offizieller Table Ronde virun den Europawalen. 100komma7.lu/news/Debat-Wei


Rick Mertens (@rickmertens1) 's Twitter Profile Photo

De Franz Fayot lĂ©isst keen Zweifel drun, datt hien op BrĂ©issel geet, wann en an 3 Woche gewielt gĂ«tt. Dat gĂ«llt awer net fir all d’Kandidate vun der LSAP: 100komma7.lu/news/Franz-Fay