Jean-Claude Franck (@jcfranck) 's Twitter Profile
Jean-Claude Franck

@jcfranck

Journalist, editor-in-chief @100komma7 - the public radio in Luxembourg

ID: 360789888

linkhttp://www.100komma7.lu calendar_today23-08-2011 19:27:02

3,3K Tweet

2,2K Takipçi

279 Takip Edilen

radio 100,7 (@100komma7) 's Twitter Profile Photo

Beim 1. Tour vun de Legislativwalen a Frankräich hu bis 17 Auer scho 6 vun 10 potentielle Wieler a Wielerinnen eng Stëmm ofginn. Wat steet haut um Spill? Erklärungen hei: 100komma7.lu/news/Frankraic…

radio 100,7 (@100komma7) 's Twitter Profile Photo

Héichrechnung vu France 2: Rietsextreme Rassemblement National verpasst absolut Majoritéit. Emmanuel Macron mécht Appell un déi aner Parteie fir am zweeten Tour zesumme géint den RN virzegoen 100komma7.lu/news/Neiwalen-…

radio 100,7 (@100komma7) 's Twitter Profile Photo

D'Geschäftsleit Eric Lux a Gérard Lopez esou wéi zwee fréier Comitésmembere vun der Escher Fola musse sech wéinst sougenannten intellektuelle Fälschunge viru Geriicht veräntwerten. Déi Concernéiert wëllen an Appell goen. 100komma7.lu/news/Eric-Lux-…

radio 100,7 (@100komma7) 's Twitter Profile Photo

An der Arméi ass en Ënneroffizéier 100,7-Informatiounen no wéinst dem Virworf vu sexuellem Mëssbrauch suspendéiert ginn. Zënter annerhallwe Mount leeft och eng Enquête vun der Justiz. De Ministère vun der Defense confirméiert de Fall op eis Nofro hin. 100komma7.lu/news/armei?pd=…

radio 100,7 (@100komma7) 's Twitter Profile Photo

Am konventionéierte Secteur gëtt et ee risege Finanzskandal. D'Caritas ass 100,7-Informatiounen no Affer gi vun engem Bedruch, deen d'Fondatioun an existenziell Schwieregkeete bréngt. 100komma7.lu/news/Krisesitu…

radio 100,7 (@100komma7) 's Twitter Profile Photo

De Premier Luc Frieden wëll 100,7-Informatiounen no de ganzen Direktiounscomité vun der Maison du Grand-Duc bis den Trounwiessel erneieren. 100komma7.lu/news/Luc-Fried…

radio 100,7 (@100komma7) 's Twitter Profile Photo

De Staat wäert fir den Ament kee Geld méi un d’Caritas iwwerweisen, wëll ee kee Vertraue méi huet an de Management vun der Hëllefsorganisatioun, esou de Premier Luc Frieden. 100komma7.lu/news/De-Staat-…

radio 100,7 (@100komma7) 's Twitter Profile Photo

De Verwaltungsrot vun der Caritas Lëtzebuerg huet e Krisecomité en place gesat. Dat huet d‘Caritas eisen Informatiounen no an enger interner Kommunikatioun matgedeelt. 100komma7.lu/news/Verwaltun…

radio 100,7 (@100komma7) 's Twitter Profile Photo

An der Enquête iwwer de Finanzbedruch bei der Caritas leien dem radio 100,7 nei Informatioune vir. Et stellt sech d'Fro, wéi eng Roll déi inculpéiert Finanzdirektesch an hire Service beim Bedruch gespillt hunn. 100komma7.lu/news/Caritas-D…

radio 100,7 (@100komma7) 's Twitter Profile Photo

Eis Recherchë loossen Zweiwel drun opkommen, datt d'Caritas mam Verontreie vun 61 Milliounen Euro Affer vun engem Presidentebedruch ginn ass. D'Fraude schéngt eise Recherchen no mat Insiderwësse vu banne preparéiert an ëmgesat ginn ze sinn. 100komma7.lu/news/President…

radio 100,7 (@100komma7) 's Twitter Profile Photo

D'Verhale vun de Lëtzebuerger Banken an der Caritas-Affär gëtt an enker Koordinatioun tëscht der CSSF an der Europäescher Zentralbank analyséiert. Bis elo war just gewosst, datt d'CSSF sech mat enger Analys saiséiert hätt. 100komma7.lu/news/Caritas-F…

radio 100,7 (@100komma7) 's Twitter Profile Photo

Wann d'Aktivitéite vu Caritas Lëtzebuerg solle weider lafen, musse séier Léisunge fonnt ginn. Dëse Mount si bei der Fondatioun wéinst dem rezente Finanzbedruch net méi genuch Suen do fir all d‘Paien an Aktivitéiten ze finanzéieren. Dat confirméiere gutt informéierte Sourcen.

radio 100,7 (@100komma7) 's Twitter Profile Photo

D’Fondatioun Caritas Lëtzebuerg huet net méi genuch Sue fir ee Sozialplang an hir Scholde bei Fournisseuren ze bezuelen. D’nächst Woch soll sech dowéinst entscheeden, ob d’Fondatioun a Liquidatioun gesat gëtt. 100komma7.lu/news/Fondatiou…

Flep Backes (@stadfield) 's Twitter Profile Photo

^^ "De Christian Billon, deen déi dreiwend Kraaft hannert där neier ASBL ass, seet dozou D'HUT-asbl wier eng Entreprise wéi eng aner och an dowéinst wier hien der Presse keng Äntwerte schëlleg." #CaritasGate 100komma7.lu/news/Aerzbistu…

Bernard Thomas (@bthomas_ll) 's Twitter Profile Photo

"Mir konnten an der Vergaangenheet ënnerernierte Kanner hëllefen, grad ewéi ënnerernierte Fraen déi schwanger sinn oder nieren. Si kommen elo bei eis, a mir kënnen näischt méi maachen."

radio 100,7 (@100komma7) 's Twitter Profile Photo

Déi ronn 20 Gemenge vum Syndikat Minett-Kompost mussen 100,7-Informatiounen no vun elo un annerhallef Millioun Euro d’Joer bezuelen, well jorelaang ouni Autorisatioun Ofwaasser an de Monnerecher Kanal an duerno an d’Schëfflenger Kläranlag gelaf ass. Elo kënnt Beweegung an den

radio 100,7 (@100komma7) 's Twitter Profile Photo

Bettenduerf huet d'Gespréicher verlooss fir eng Fusioun vun den Nordstad-Gemengen. Ronderëm déi Entwécklungen hu sech zanter September vill Froe gestallt, mee déi Gemengeresponsabel vu Bettenduerf hu sech verstoppt a gewisen, datt si e speziellt Versteesdemech vun Demokratie

radio 100,7 (@100komma7) 's Twitter Profile Photo

Den tatsächlechen Impakt vun enger dynamescher Tarifikatioun op d'Stroumrechnung géif relativ staark vum Stot ofhänken, seet d'Cheffin vun der Creos. Wie punktuell méi verbraucht, soll och méi bezuelen, sou d'Laurence Zenner. 100komma7.lu/news/Invite-e-…

radio 100,7 (@100komma7) 's Twitter Profile Photo

Eng Persoun, déi sech als een ausgëtt, dee se guer net ass. Eng Entreprise, déi Milliounen un Euroe verléiert. An eng Bank, déi eng net onwichteg Roll spillt. Nee, d'Ried ass net vun der Caritas-Affär, mee vun engem ganz änleche Fall. 100komma7.lu/news/Eventuell…

radio 100,7 (@100komma7) 's Twitter Profile Photo

D'Marie-Josée Jacobs confirméiert am 100,7-Interview, datt si hir Demissioun als Presidentin vum Verwaltungsrot vun der Caritas agereecht huet. D'Fraude vun 61 Milliounen bei der ONG wier fir si een haarde Coup. 100komma7.lu/news/D-Marie-J…