radio 100,7 (@100komma7) 's Twitter Profile
radio 100,7

@100komma7

Luxembourg's public service radio

ID: 886949988

linkhttps://www.100komma7.lu calendar_today17-10-2012 14:43:03

21,21K Tweet

10,10K Followers

263 Following

radio 100,7 (@100komma7) 's Twitter Profile Photo

Klore Gewënner bei den Europawalen war déi Europäesch Vollekspartei, déi op 188 Sëtz koum. Méi wéi ee Véierel vun de 720 EU-Deputéiert gehéieren enger vun den dräi rietse Fraktiounen un. Dat sinn der méi wéi jee virdrun. Eis EU-Korrespondentin Danièle Weber kuckt zeréck op

radio 100,7 (@100komma7) 's Twitter Profile Photo

Den Alkoholkonsum ass an der Gesellschaft omnipresent. An Europa gëtt och vill méi Alkohol consoméiert, wéi am Rescht vun der Welt. D‘Weltgesondheetsorganisatioun rifft Europa deemno op, dat a Fro ze stellen. Dofir huet de Gesondheetsministère eng Campagne gestart.

radio 100,7 (@100komma7) 's Twitter Profile Photo

Den Gianni di Paoli ass neie President vun der ACEL, der Associatioun vun de Studentencercelen. Gëschter, op Stiefesdag, hat d‘ACEL hir traditionell Generalversammlung. Hien iwwerhëlt d'Successioun vum Kimon Leners. 100komma7.lu/news/Invite-vu…

radio 100,7 (@100komma7) 's Twitter Profile Photo

De Monarchie-Expert Pierre Dillenburg seet sech am 100,7-Interview net iwwerrascht, datt den Trounwiessel schonn an gutt 9 Méint ass. Och wann hien de geneeën Datum net kannt hat, hätt hien domat gerechent datt et nach am Joer 2025 esou wäit wier. 100komma7.lu/news/Den-Datum…

radio 100,7 (@100komma7) 's Twitter Profile Photo

D‘Grippeninfektiounen zu Lëtzebuerg gi weider an d‘Luucht. D‘lescht Woch gouf et bei der Gripp eng staark Hausse, vun 375 op 745 Fäll. Dat waren der duebel sou vill, wéi d‘Woch virdrun, esou d'Santé. 100komma7.lu/news/Zuel-vun-…

radio 100,7 (@100komma7) 's Twitter Profile Photo

Et soll ee sech net ze héich Ziler setzen, wann ee sech gutt Virsätz fir d’Neit Joer virhëlt. Dat seet de Psycholog a Professer vun der Uni Lëtzebuerg Claus Vögele. Hie gëtt Ablécker doran, wéi een déi Virsätz och an d’Realitéit ëmsetze kann. 100komma7.lu/news/Virsaz-fi…

radio 100,7 (@100komma7) 's Twitter Profile Photo

D'Sportjoer hat vill ze bidden: D’Fussballnationalekipp, déi et bal op d’EM gepackt hätt, de Sträit tëscht der Sarah de Nutte an der Dëschtennisfederatioun, oder nach déi Olympesch a Paralympesch Spiller zu Paräis. 100komma7.lu/news/E-mouveme…

radio 100,7 (@100komma7) 's Twitter Profile Photo

De fréieren US-amerikanesche President Jimmy Carter ass am Alter vun 100 Joer gestuerwen. Dat huet seng Fondatioun matgedeelt. Hie war deen eelsten US-President, deen et bis elo gouf. 100komma7.lu/news/Freieren-…

radio 100,7 (@100komma7) 's Twitter Profile Photo

Fir Frae viru sexueller Gewalt ze schütze missten zu Lëtzebuerg Gesetzer ugepasst ginn: Dat fuerdert d‘Direktesch vum nationale Fraerot, d'Gabrielle Antar. 100komma7.lu/news/I-1935904…

radio 100,7 (@100komma7) 's Twitter Profile Photo

Den Eric Ewald huet fir eis op dat gréisste Sportsevenement vum Joer zeréckgekuckt: D'Olympesch a Paralympesch Spiller zu Paräis. Wat ass aus Lëtzebuerger Siicht hänkebliwwen? 100komma7.lu/news/Reckbleck…

radio 100,7 (@100komma7) 's Twitter Profile Photo

De bekannte Lëtzebuerger Kënschtler Arthur Unger ass dout. Wéi Paperjam mat Verweis op d‘Famill gemellt huet, ass den Arthur Unger gëschter um Sonndeg am Alter vun 92 Joer gestuerwen. 100komma7.lu/news/Letzebuer…

radio 100,7 (@100komma7) 's Twitter Profile Photo

No der méiglecher Sabotage vun engem Ënnerwaasserstroumkabel viru Finnland warnt elo déi Europäesch Unioun virun der sougenannter russescher Schattenflotte. 100komma7.lu/news/Europaesc…

radio 100,7 (@100komma7) 's Twitter Profile Photo

Wat d’Situatioun vum Bauhandwierk ugeet, schwätzt d’Chambre des Métiers vun engem “gemëschte Bild”, mee och vun enger “gewësser Reprise” am Logementssecteur. 100komma7.lu/news/D-Bauhand…

radio 100,7 (@100komma7) 's Twitter Profile Photo

Am Buch "Wandering Stars" vum Tommy Orange geet et ëm eng indigène Famill an Amerika, déi iwwert e puer Generatioune begleet gëtt. D'Claire Barthelemy huet d'Buch fir eis gelies. 100komma7.lu/news/Wandering…

radio 100,7 (@100komma7) 's Twitter Profile Photo

Fir Silvester den Owend rifft d‘Police zu Respekt an Toleranz op. Leit, déi feieren, sollen déi respektéieren, déi net kënnen oder wëlle feieren. An déi sollen eng gewëssen Toleranz géintiwwer deene weisen, déi feieren. 100komma7.lu/news/Op-Silves…

radio 100,7 (@100komma7) 's Twitter Profile Photo

Vum politesche Joer 2024 an Däitschland bléift virun allem de 6. November an Erënnerung: Deen Dag, un deem innerhalb vun e puer Stonnen déi däitsch Regierung zerbrach ass. 100komma7.lu/news/Een-onrou…

radio 100,7 (@100komma7) 's Twitter Profile Photo

2024 goufen et manner Asyldemanden aus Syrien. Et ass een ostafrikanescht Land, vu wou aus elo déi meescht Flüchtlinge kommen. 100komma7.lu/news/Fl%C3%BCc…

radio 100,7 (@100komma7) 's Twitter Profile Photo

Wësst Dir schonn, wat Dir Silvester um Mëtternuecht maacht? Gitt Dir ëm Mëtternuecht mat der Kippche virun d’Dier, den Nopere gratuléieren, an op d’Neit Joer ustoussen? Vill Leit maachen dat, an hoffen dobäi, ee Freedefeier ze gesinn. 100komma7.lu/news/Freedefei…